D’Bildungslandschaft an Ärer Gemeng

Digital. Verbonnen. Nohalteg.

Iwwer SchoolTools

Eng Initiativ déi d'Schoul stäerkt an déi ganz Gemeng verbënnt, fir eng digital an nohalteg Bildungslandschaft, haut an an der Zukunft.

Zënter 2016 ënnerstëtzt SchoolTools déi digital Transformatioun vu Bildungslandschaften, domat Gemengen a Bildungsstrukturen sech op dat Wesentlecht konzentréiere kënnen.

Zesumme gi mir déi haiteg Erausfuerderungen un, déi tëscht Pädagogik, Verwaltung an Technik entstinn, a sichen no Léisungen, déi nohalteg den Alldag vereinfachen.

Mir hëllefe Prozesser ze vereinfachen an duerch Automatisatiounen a Programmatiounen d'Zesummenaarbecht an d'Kommunikatioun ze erliichteren an ze stäerken.

Eis vilfälteg Equipe suergt fir professionelle Pilotage, technesche Support a Medieproduktiounen, déi Är Schoul an Är Gemeng intern an no bausse staark optriede loossen.

Wien beneficéiert vu SchoolTools?

Gemeng

Eng strategesch Begleedung fir d'Digitaliséierung vun der Bildungslandschaft an Ärer Gemeng, déi all d'Acteure matenee verbënnt.

Schouldirektioun

Eng kloer Strategie an en eenheetleche Kader — fir Är Schoul mat Vertrauen an d'digital Zukunft ze féieren.

Léierpersonal & Schoulcomité

Professionelle Pilotage, praktesch Ënnerstëtzung a zouverléisseg technesch Léisunge fir déi ganz Schoulgemeinschaft.

Elteren & Schüler

Eng eenheetlech Approche fir d'Entwéckele vun de Mediekompetenze fir all Schüler - an eng transparent, digital Kommunikatioun fir d'Elteren.

Eis Servicer

Mir kombinéieren strategesch Begleedung, technesch Expertise, Webentwécklung a Medieproduktioun — alles aus enger Hand, ugepasst un Är Gemeng.

01 / SERVICE

Pilotage & Begleedung

Mir strukturéieren, verbannen an harmoniséieren Äre Parcours duerch den digitalen Domaine. Eng staark Visioun ass d'Fundament.

  • Eng gemeinsam digital Strategie fir Är Schoul
  • Prioritéiten a Schwéierpunkten déi d'Schoulgemeinschaft decidéiert
  • Inspiratioun a praktesch Rotschléi
  • Coaching-Sessiounen, Austausch vu bewäerte Praktiken
  • Sammelen an Analys vun Donnéeën
Méi gewuer ginn
02 / SERVICE

Technesch Servicer

Technik, déi hëlleft - amplaz ze belaaschten. Mir vereinfachen den Alldag a léise Problemer, éier se optrieden - dir gewannt Zäit.

  • Strukturéierung vun Ärem digitalen Environnement (z.B. SharePoint)
  • Automatiséierung vu repetitiven Tâchen
  • Configuréiere vun Apparater (Apple & Microsoft)
  • Setup & Entretien vun iPad-Flotten (Jamf)
  • Technesche Support op der Plaz an op Distanz
Méi gewuer ginn
03 / SERVICE

Webplattform

Eng modern, mobilfrëndlech Websäit fir Elteren a Bierger — op Är Besoinen ugepasst, informativ, interaktiv an intuitiv.

  • Op Är Besoinen ugepasst a programméiert
  • Design dee bei Är Schoul a Gemeng passt
  • En intuitive Content Management System (CMS)
  • Digital Tools: eBibliothéik, interaktiv Kaart, …
  • Eng professionell online Präsenz fir méi Visibilitéit a Vertrauen
Méi gewuer ginn
04 / SERVICE

Medieproduktioun

Mir dokumentéieren, designen & produzéiere fir Iech - sief et fir eng nei visuell Identitéit, professionell Fotoen a Videoen oder Printmedien.

  • Video-Dokumentatiounen & Success-Stories
  • Eenheetlech digital Kommunikatioun (intern & extern)
  • Email-Signaturen, Templates, Kommunikatiouns-Charta
  • Professionell Fotoen, z.B. Portraite vu Personal & Campus
  • Design vu Printmedien (Poster, Roll-up, Broschür, Schoulbuet, etc.)
Méi gewuer ginn

Grondlage fir eng gelongen Digitaliséierung

Véier Servicer, ee kohärente Kader. Beim Digitaliséierungsprozess vun enger Bildungslandschaft baséiere mir eis op dës 4 Objektiver.

Optimiséierung vum Existéirenden

D'bestoend digital Infrastruktur gezilt optimiséieren an ausbauen, onnéideg Ausgabe vermeiden an de Wäert vun den Investitiounen erhéijen.

Eenheetleche Kader

E strukturéiert digitaalt Ëmfeld fir d'Ekippen an en eenheetlecht Erliefnis fir d'Kanner.

Nohalteg Notzung

D'Outile fléissend, secher a reegelméisseg am Alldag notzen — duerch kloer Richtlinnen, standardiséiert Prozesser a professionell Begleedung.

Visibilitéit a Valoriséierung

D'Erfolleger an de positiven Impakt fir Familljen, Bierger an d'Gemeng siichtbar maachen duerch proaktiv Kommunikatioun.

Wat eis Partner iwwert eis soen

Eis Aarbechtsweis spigelt sech an deem erëm, wat eis Cliente vun eis erzielen.

Présidente du Comité
de l'école EF

"D'Zesummenaarbecht mat SchoolTools hat vill Impakt op eis Aarbecht. Duerch eng eenheetlech Strukturéierung vum SharePoint gëtt et eng Vereinfachung wann nei Leit an d'Schoul bäikommen, respektiv wa vun engem Cycle an deen anere gewiesselt gëtt."

— Joëlle M.
Enseignant C2,
responsable Informatique

"Am Pilotgrupp hunn sech Ënnergruppe forméiert, déi energesch de Projet op verschiddenen Eebene weidergedriwwen hunn."

— Laurent M.
Enseignante C3

"Mir hunn elo een technesche Support. Dat ass eng wäertvoll Hëllef."

— Carole W.
Enseignante C2,
responsable informatique

"Wa mir digital besser no baussen opgestallt sinn duerch d'Websait, gëtt eis Aarbecht vill méi visibel a valoriséiert."

— Joanna G.
Service Scolaire
communal

"Digitaalt Léieren ass aus dem Liewe vun eise Schüler*innen net méi ewech ze denken. Mir fërderen se andeems mir op den Zuch mat opsprangen."

— Service Scolaire
Enseignante C2,
responsable informatique

"Wichteg ass dass Digitaalt Léiere weiderhin e feste Bestanddeel vun eiser Schoul ass an net just heiansdo duerch eenzel Projete stattfënnt."

— Joanna G.

Froen iwwer SchoolTools?

Fir all Froen, kënnt dir Iech gäeren un eis wenden! Mir sinn och fir Informatiounsversammlungen disponibel.

36, Rue Basse, 7307 Steinsel, Luxembourg