04 / Medien

Mediepro­duktioun

Mir maachen Är Schoul, Är Projeten an Är Equipe sichtbar — duerch Videoen, Fotoen, Kommunikatiounsmaterialien a professionell Identitéit, déi stolz mécht.

Medieproduktioun — SchoolTools filmt a Schoul

Visibilitéit, déi beweegt

Gutt Aarbecht muss sichtbar sinn. D'Léierpersonal, d'Kanner an d'Gemeng investéieren enorm — mee dës Efforte sinn dacks onsichtbar fir d'Gemeinschaft.

Mir hëllefen Är Geschichten ze erzielen — professionell, modern an authentesch. Vu professionelle Fotoen a Videoen, iwwer d'Designen vun Ärer Identitéit oder d'Gestalten vu Posteren, Broschuren an dem Schoulbuet, bis hin zu komplexe Projetsdokumentatiounen, mir suergen dofir dass Är Schoul intern wéi extern staark optrëtt.

Professionell Fotoen & VideoenDesign & IdentitéitKommunikatiounSuccess-StoriesPrint-Produktiounen

Wat mir produzéieren

Videoen, Fotoen, Design oder Printmaterialien — mir maachen Är Schoul a Gemeng intern an no bausse sichtbar, professionell an eenheetlech.

Videoproduktioun

Vu Konzept bis Endprodukt — mir produzéieren Är Videoen, sief et eng flott Dokumentatioun vun engem Projet oder Event, en Informatiounsvideo fir d'Elteren oder eng Success Story fir Är Websäit oder d'Sozialmedien.

Professionell Fotografie

Héichqualitatif Fotoen vun Ärem Personal, Ärer Schoul an Äre Momenter — fir Är Websäit, Broschüren, Raporten a sozial Netzwierker. Professionell retouchéiert, ganz natierlech oder mat KI opgepeppt, alles ass méiglech.

Design & Kommunikatioun

Eenheetlech Kommunikatiounsmaterialien déi Är Identitéit no bausse représentéieren — vum Logo, iwwer d'Charte graphique bis zu komplexe Präsentatiounen. Och Bréiwer a Schouldokumenter passe mir Ärem Look un.

Printproduktioun

Posteren, Roll-ups, Flyeren, Broschüren oder de jährleche Schoulbuet — mir gestalten a produzéieren Print-Materialien, déi zu Ärem Look passen. Komplett aus enger Hand: Konzept, Design bis fäerdeg Printdatei.

SchoolTools Medieproduktioun

Eng eenheetlech Identitéit fir Är Schoul

Eng konsistent visuell Identitéit mécht Är Schoul erkennbar — am Internet, a Broschüren, an E-Mailen, bei Eventer. Mir entwéckelen dat néidegt Material, alles aus enger Hand.

Graphesch Identitéit fir Schoulen

Graphesch Identitéit

Logo, graphesch Elementer, Faarwen, Schréften — alles defénéiert a dokumentéiert.

E-Mail Signaturen

Professionell, eenheetlech Signaturen fir d'ganzt Team fir koherent no baussen opzetrieden.

Word- a Presentatiounstemplates

Fäerdeg Virlage fir Bréiwer a Presentatiounen am Schoul-Look fir den Alldag.

Print-Produktiounen

Posteren, Roll-ups, Schouldokumenter, Broschüren, Schoulbuet a Villes méi.

Beispiller vun eiser Aarbecht

Hei e puer Andréck vu Produktiounen, déi mir fir Lëtzebuerger Schoulen a Gemenge gemaach hunn.

Schoulbuet Larochette

Schoulbuet Larochette

Computer & iPad Charta

Computer & iPad Charta

Minecraft Banner

Minecraft Banner

Léiererpersonal Portraiten

Léiererpersonal Portraiten

Social Media Post Maacher Schoul

Social Media Post — Rentrée scolaire

RAD Poster

RAD Poster

Wat Dir kritt

Professionell Medieproduktioun déi Är Schoul a Gemeng sichtbar mécht.

Professionell Videokreatiounen
Portraite vum ganze Schoulpersonal
Eenheetleche Branding & Kommunikatiounsguide
Modern E-Mail Signaturen fir d'Team
Word- a Presentatiounstemplates am Schoul-Look
Design vu Schouldokumenter
Fotoe vum Campus & Schoulgebai
Dokumentatioun vu Success-Stories
Printmaterialien wéi Posteren, Broschüren, Gemengebuet
Elteren kucken e Schoulvideo op engem Tablet
"

"Duerch d'Zesummenaarbecht mat SchoolTools konnte mir eis Schoul digital vill besser representéieren. D'Elteren gesinn elo konkret wat mer maachen — a si schätzen et. Eis Kommunikatioun ass méi professionell ginn, ouni méi Aarbecht fir eis."

Joëlle M.
Présidente du comité d'école fondamentale

Är Schoul verdéngt et,
gesinn ze ginn.

Kontaktéiert eis fir e gratis Gespréich iwwert Är Kommunikatiounsbedierfnesser — vu klénge Videoe bis zu komplexe Branding-Projeten.