02 / Technik

Technik déi am Alldag funktionéiert

Mir installéieren, konfiguréieren a betreien Är digital Infrastruktur — sou dass Dir Iech op dat Wesentlecht konzentréiere kënnt: d'Kanner.

iPad Configuratioun — SchoolTools

Eis Approche

Är digital Infrastruktur ass méi wéi nëmmen Apparater an Internet — si ass d'Grondlag fir en effizienten, modernen Schoulalldag. Mir plangen, strukturéieren a geréieren se fir Iech.

Vun der Astellung vun iPad-Flotten iwwer d'Strukturéierung vum kollaborativem Aarbechtëmfeld (SharePoint, Teams) bis hin zur Automatiséierung vu repetitiven Tâchen: mir sinn Ären zentrale Partner fir all technesch Besoinen — op der Plaz oder op Distanz, séier a kompetent.

Perséinlechen Tech-SupportMicrosoft 365Apple & JamfGerätmanagementCoaching & TutorialsSécherheets-Konzept

Eis technesch Expertise

Mir kennen d'Outilen, déi a Lëtzebuerger Schoulen am Asaz sinn — a wëssen, wéi se optimal genotzt kënne ginn.

SharePoint & Cloud-Infrastruktur

Strukturéierung a Configuratioun vum kollaborativen Aarbechtëmfeld (SharePoint, OneDrive, Teams) fir eng kloer, effikass digital Organisatioun am Alldag.

iPad & Apple Ekosystem

Setup, Konfiguratioun a Gerance vun iPad-Flotten iwwer Jamf, Ënnerstëtzung bei Benotzung vu Mac Computeren, Laptoppen an Apple TV.

Automatiséierung & Workflows

Identifikatioun a Eliminatioun vu repetitive manuellen Tâchen duerch intelligent Automatiséierung — méi Zäit fir dat Wesentlecht.

Kont- & Gerätmanagement

Support bei Probleemer mat Microsoft 365-Konten, IAM- oder Mailkonten. Méi Sécherheet, manner Chaos — fir Léierpersonal an Administratioun.

Sécherheet & Backups

Schouldate schützen, Backups organiséieren an Dashboarden fir d'Benotzung erstellen. Daten, déi sécher bleiwen — och wann eppes schif geet.

Coaching & Tutorials

Praktesch Coaching-Sessiounen an Tutorials fir Är Ekipp — sou datt jiddereen déi digital Outile mat Vertrauen a Kompetenz am Alldag notze kann.

SchoolTools Tech Support

Äre perséinleche Support

Mir si fir Iech do, sou wéi Iech et am beschte passt — souwuel op der Plaz, wéi op Distanz.

Op der Plaz

  • Installatioun a Konfiguratioun vu Geräter oder Softwaren
  • Feelerbehiewung, déi Interventioun op engem Apparat erfuerdert
  • Onboarding vu Léierpersonal mat neie Systemer
  • Verkablung, Netzwierkastellungen a Hardware
  • Reegelméisseg Visitte fir individuell Probleemer direkt ze léisen

Support op Distanz

  • Schnell Hëllef bei dringende Probleemer
  • Software-Konfiguratioun a Kontmanagement
  • Tutorials a Videocalls fir Step by Step Hëllef
  • Iwwerwaachung vu Systemer a Backups
  • Séier Äntwerte via Chat, Email oder Telefon

Fir wien ass dëse Service?

Eisen technesche Support ënnerstëtzt all Acteur, dee mat digitalen Outilen an der Schoul ze dinn huet.

Gemeng & Service scolaire

Technesch Verwaltung vun enger oder méi Schoulen — Iech ugepasst, net ëmgekéiert.

Léierpersonal

Schnell Hëllef an engem Alldag, wou d'Technik net am Wee stoe soll.

IT-Responsabel

Entlaascht Iech oder schafft mat eis als verlängertem Aarm fir Är Schoul-IT.

Schouldirektioun

Eng zouverlässeg Infrastruktur fir d'ganzt Personal — fir en eenheetleche Kader.

Wat Dir kritt

Konkret Resultater, déi den Alldag an Ärer Schoul erliichteren.

Remote- an On-Site-Support
Vollstänneg konfiguréiert iPad-Flott (Jamf)
Sécherheets- a Backup-Konzept
Fäerdeg ageriichte SharePoint Plattform
Onboarding a Coaching fir d'Equipe
Konfiguratioun vu Geräter a Konten
Vermëttlung bei externen IT-Fournisseuren
Dokumentatioun vun den Interventiounen
Reegelméisseg Wartung a Monitoring
SchoolTools tech support
"

"Mir hunn elo een technesche Support. Dat ass eng wäertvoll Hëllef. Ier SchoolTools do war, hunn ech Stonnen mat technesche Probleemer verluer — elo kann ech mech op mäi Léieren konzentréieren."

Carole W.
Enseignante C3

Tech-Problemer?
Mir léisen se.

Kontaktéiert eis — fir eng éischt Diagnos, eng Offer oder einfach fir ze diskutéieren, wat Är Schoul technesch brauch.