01 / Pilotage

Pilotage & Begleedung

Mir begleeden Är Bildungsstruktur beim Gestalte vun enger klorer digitaler Visioun — vun der éischter Analyse bis zur Ëmsetzung um Terrain.

Eis Approche

Mir schaffe mat Ärer Gemeng, Äre Schoulcomitéen an Ärem Léierpersonal zesummen, fir eng gemeinsam Visioun ze entwéckelen — eng déi zu Ärer Schoul, Äre Ressourcen an Äre Kanner passt.

Vun der éischter Bestandsopnam iwwert den Opbau vu Pilotgruppen bis zur laangfristeger, strategescher Begleedung: mir ënnerstëtzen Iech op Ärem perséinleche Wee vun der Digitaliséierung.

StrategieWorkshopsCoachingDatenanalysePilotgruppenBegleedungVisioun
SchoolTools Pilotage Workshop

Wat mir genee maachen

Vun der Visioun bis zur Ëmsetzung um Terrain — mir begleeden Iech am Prozess vun der Digitaliséierung.

Eng digital Strategie fir Är Schoul

Mir definéieren, zesumme mat Ärer Equipe, eng kloer, realistesch digital Strategie, déi zu Ärer Schoul, Äre Ressourcen an Äre Prioritéite passt. Mir kucken zesummen, wéi mir Är Besoinen op digitaler Ebene am beschten ugoe kënnen a leeë konkret Aarbechtsetappe fest.

Multiplikatoren

Mir hëllefen Iech, intern Multiplikatoren ze ënnerstëtzen, déi de Wandel vu bannen undreiwen. Duerch eng praktesch Begleedung, gi reell Ziler mat konkreten Etappen definéiert an d'Schoulentwécklung gëtt esou gefërdert.

Coaching & Workshops

Mir bidde perséinlech Coaching Sessiounen a praktesch Workshops fir eenzel Leit oder Gruppen un – sief et fir d'Schoulpersonal, d'Direktioun oder d'Administratioun. Och bidde mir Weiderbildunge fir d'Léierpersonal un, déi vum IFEN akkreditéiert ginn.

Analys an Dokumentatioun

Mir sammelen an interpretéieren Donnéeën iwwert d'Benotzung vun digitalen Outilen — fir Är Decisiounen op Fakten ze baséieren an Är Investitiounen ze optimiséieren. Och dokumentéiere mir déi eenzel Aarbechtsschrëtt a Resultater fir Iech en optimalen Iwwerbléck ze erméiglechen.

Wéi funktionéiert et?

Eise Prozess ass strukturéiert, transparent a ganz op Är Realitéit ugepasst.

SchoolTools Pilotage Strategie Sitzung
1

Éischtgespréich & Besoinsanalys

Mir fänke mat engem gratis Éischtgespréich un. Mir lauschteren no, verstinn Är Situatioun, Är Erausfuerderungen an Är Erwaardungen — ouni Virurteeler an ouni Standardléisungen.

2

Bestandsopnam & Roadmap

Mir maachen eng komplett Bestandsopnam vun Ärer digitaler Infrastruktur an Äre Prozesser. Op Basis dovun entwéckele mir mat Iech eng realistesch Roadmap mat klore Prioritéiten a Meilesteng.

3

Strategesch Sitzungen & Pilotgruppen

Mir begleeden Är intern Pilotgruppen — mat reegelméissege Reuniounen, Workshops a Praxisaustausch tëschent Schoulen. D'Zil: engagéiert Personal, déi mat eiser Ënnerstëtzung de Wandel weiderdreiwen.

4

Monitoring, Analys & laangfristeg Begleedung

Mir kucke reegelméisseg op d'Daten, passen d'Strategie un a beroden Iech laangfristeg. Net just e Projet — mee eng echt Partnerschaft.

Fir wien ass dëse Service?

Eis Begleedung ass op d'Bedierfnesser vun all digitalen Acteuren an der Gemeng ugepasst.

Gemeng & Service scolaire

Kloer Orientatioun fir strategesch Entscheedungen iwwert digital Bildungsinvestitiounen.

Léierpersonal

Begleedung an Empowerment fir d'Digitaliséierung als Chance an net als Laascht ze erliewen.

Pilotgruppen & IT-Responsabel

Mir ënnerstëtzen Iech als interne Motor vum Wandel — mat Struktur, Tools an enger Begleedung, déi Iech entlaascht.

Schoulkomitéen & Schouldirektioun

Eng kloer Strategie an en eenheetleche Kader — fir Är Schoul mat Vertrauen an d'digital Zukunft ze féieren.

Wat Dir kritt

Konkret Resultater, déi Är Bildungsstruktur no vir bréngen.

Digital Strategie pro Schoul
Personaliséiert Roadmap mat Prioritéiten
Leedung an Ënnerstëtzung vu Pilotgruppen
Coaching-Sessiounen & IFEN-Weiderbildungen
Donnéeanalys & Empfeelungen
Dokumentatioun vun Aarbechtsschrëtt & Resultater
Reegelméisseg Monitoring & Fortschrëttsbericht
Laangfristeg Partnerschaft & Begleedung
Ausschaffe vun definéierte Workpackagen
SchoolTools Pilotage Workshop
"

"Am Pilotgrupp hunn sech Ënnergruppe forméiert, déi energesch de Projet op verschiddenen Eebene weidergedriwwen hunn. D'Begleedung vum SchoolTools-Team war entscheedend fir datt mir als Equipe matzéien."

Laurent M.
Enseignant C2, responsable Informatique

Prett fir den éischte Schrëtt?

Mir bidden e gratis Éischtgespréich un — ouni Engagement. Mir komme bei Iech, lauschteren no a kucken zesummen, wou Är Gemeng haut steet a wou dir wëllt hikomme.