D’Bildungslandschaft an Ärer Gemeng

Digital. Verbonnen. Nohalteg.

Iwwer SchoolTools

Zënter 2016 ënnerstëtzt SchoolTools déi digital Transformatioun vu Bildungslandschaften, domat Gemengen a Bildungsstrukturen sech op dat Wesentlecht konzentréiere kënnen.

Zesumme gi mir déi haiteg Erausfuerderungen un, déi tëscht Pädagogik, Verwaltung an Technik entstinn, a sichen no Léisungen, déi nohalteg den Alldag vereinfachen.

Mir hëllefen, Prozesser ze vereinfachen, d’Technik esou anzeriichten dass d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren ze stäerken.

Eis vilfälteg Equipe suergt fir professionelle Pilotage, technesche Support a Medieproduktiounen, déi Är Schoul an Är Gemeng intern an no bausse staark optriede loossen.

carousel image
colorful waves
decoration

Grondlage fir eng gelongen Digitaliséierung

Beim Digitaliséierungsprozess vun enger Bildungslandschaft baséiere mir eis op dës 4 Objektiver.
Optimiséierung vum ExistéierendenOptimiséierung vum ExistéierendenD’bestoend digital Infrastruktur gezilt optimiséieren an ausbauen, onnéideg Ausgabe vermeiden an de Wäert vun den Investitiounen erhéijen.
Eenheetleche KaderEenheetleche KaderE strukturéiert digitaalt Ëmfeld fir d’Ekippen an en eenheetlecht Erliefnis fir d’Kanner.
Nohalteg NotzungNohalteg NotzungD’Outile fléissend,secher a reegelméisseg am Alldag notzen - duerch kloer Richtlinnen, standardiséiert Prozesser a professionell Begleedung.
Visibilitéit a ValoriséierungVisibilitéit a ValoriséierungD’Erfolleger an de positiven Impakt fir Familljen, Bierger an d’Gemeng siichtbar maachen duerch proaktiv Kommunikatioun.
Schooltools logo

Wéi mir Iech begleeden

Eng Initiativ déi d’Schoul stäerkt an déi ganz Gemeng verbënnt, fir eng digital an nohalteg Bildungslandschaft, haut an an der Zukunft.
Digital ExpertiseMir notzen digital Outilen, do wou se Sënn maachen. Duerch d'Ariichten an d’Programméieren vun den Technik hëllefe mir Aarbechtsprozesser vereinfachen, d’Bildung selwer bleift menschenzentréiert.
Praktesch UwendungenDuerch eis Erfarung a verschiddene Schoulen a Bildungsstrukturen kënne mir konkret a praxisgetesteten Léisungen do ubidden wou se gebraucht ginn.
Einfach LéisungenMir leeë Wäert drop dass eis Outilen einfach ze benotze sinn, an fléissend an den Alldagsgebrauch iwwerginn. Esou bleiwen d’Equipen autonom an hunn direkt e Virdeel vun der Digitalisatioun.
picture of a woman smiling

Wat eis Partner iwwer eis soen

Eis Aarbechtsweis spigelt sech an deem erëm, wat eis Cliente vun eis erzielen.

Froen iwwer SchoolTools ?

Fir all Froen, kënnt dir Iech gäeren un eis wenden! Mir sinn och fir Informatiounsversammlungen disponibel.
(+352) 28 99 14 13 info@schooltools.lu 36 rue basse, 7307 Steinsel, Luxembourg
Duerch d'Ofschécken vun dësem Formulaire stëmmt Dir eiser Privatsphärpolitik zou.
a picture of a school

©Copyright 2025 Neocodia S.à r.l. (anc. EduTec S.à r.l.)